Versammlungen 2019 – 2020
Salut!
Dat neit Guiden a Scoutsjoer fänkt gläich un! Hei ënnendrënner fënns du eis Versammlunge fir déi eenzel Branchen (nom Alter).
- Wëllef (8 – 11 Joer) : samschdes, vu 14:00 – 16:00, ausser an de Vakanzen (Info: klick hei!), 1t Versammlung: 21.9.2019
- AvEx (11 – 14 Joer) : samschdes, vu 16:00 – 18:00, ausser an de Vakanzen (Info: klick hei!), 1t Versammlung: 21.9.2019
- CaraPio (14 – 17 Joer) : freides, vun 19:30 – 21:00, ausser an de Vakanzen (Info: klick hei!), 1t Versammlung: 20.9.2019
- RaRo (17 – 23 Joer) : samschdes, vun 19:30 – 21:00, ausser an de Vakanzen (Info: klick hei!)
Fir datt’s du ëmmer iwwert all d’Neiegkeeten an d’Rendezvousen vum Grupp informéiert gëss, schreif dech a just e puer Sekonnen an! Du fënns de Formulaire „Newsletter“ an der rietser Kolonn op dëser Säit.
Falls du nei an d’Bartrenger Guiden a Scoute wëlls kommen, komm einfach an eng vun eise Versammlungen laanscht! Hei fënns du eisen Home: