Fotoë vun eisem Theater 2017
Léif Leit! Léif Scouten! Léif Frënn!
Haut, Samschdeg, den 8. Abrëll, hate mir, d’Bartrenger Guiden a Scouten, eise Scoutstheater 2017. D’Thema vun dësem Joer war „Klinik Saint-Exupéry“.
Eis 4 Branchen (Wëllefcher, AvEx, CaraPio a RaRo), mee och eis Chef, hu sech och dëst Joer erëm ganz vill Méi ginn fir Iech e flotten Nomëtteg an/oder Owend ze bereeden! Mir hate, wéi all Joer, erëm 2 Virstellungen: um 15:00 an um 20:00, an zwar zu Bartreng am „Centre Atert“.
Déi Bartrenger Guiden a Scouten spenden 2.500 EUR fir de gudden Zweck!
Dëse Summer organiséiert de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) en internationale Camp fir Kanner a Jonker tëscht 6 an 23 Joer: de Go|Urban 2017.
Den Challenge ass et, aus alle Länner, mat deene mir bis ewell Kontakter a Projetën haten, Memberen op de Go|Urban z’invitéieren, wéi z.B dem Senegal, Niger, Haiti, Bosnien, Georgien … Dofir gouf de Go|Support gegrënnt, e Fong, an deem mir Suë sammelen an deen eis et erméigleche soll, d’Reess vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner ze finanzéieren.
De Bartrenger Guiden- a Scoutsgrupp Saint-Exupéry huet heifir um Chrëschtmaart Adventskränz, -straiss an -arrangementer selwer gemaach a verkaf an eng schéin Somme vun 2.500 EUR gesammelt. De Chèque vun dëser Aktioun gouf op eisem Theater dëse Samschdeg, 8. Abrëll, iwwerreecht!
Weider Info op www.GoUrban.lu