Fotoë vum Scoutstheater „Bartreng-les-Bains“

001Vill Leit waren och dëst Joer erëm eisen traditionelle Bartrenger Guiden- a Scoutstheater kucke komm. 2015 stoung ënnert dem Thema „Bartreng-les-Bains“. Eis 4 Branchen, d’Wëllefcher, d’AvEx, d’CaraPio an d’RaRo, mee och d’Chef haten sech ganz vill Méi ginn. Vill Sketcher, mee och d’Dänz hate vill Succès. Nach eng Kéier all Respekt an e grousse Merci fir jiddereen, dee matgespillt huet! Och e grousse Merci un eis Cheféquipe, déi fir den Encadrement vun de Kanner, d’Mise en scène an d’Dekoratioun verantwortlech war!

 

002Um Theater krut de Projet „Dr Catherine Huberty“ e Chèque iwwerreecht vu ganzer 2.850 EUR. Dëst ass den Erléis vun eisem Adventsmaart 2014! Mir waren den 29.11.2014 duerch d’Stroosse vu Bartreng gaang, fir handgemaachten Adventskränz an Arrangementer ze verkafen.

Dës Sue ginn an de Burkina Faso fir eng Maternité ze finanzéieren. D’Catherine Huberty war laang Joren bei eis an de Bartrenger Guiden a Scouten aktiv an ass d’lescht Joer am ganz jonken Alter vun 31 Joer, no enger laanger a schlëmmer Krankheet, gestuerwen. Mir hunn hatt haut nach a ganz gudder Erënnerung!Foto Icon