AvEx Wanterweekend: Nordeuropa
Op eisem Weekend vum 31. Januar op den 1. Februar war d’Thema: Nordeuropa.
Nodeems mir samschdes mëttes op d’Äispiste um Stater Knuedler Schlittschong fuere waren, hu mir eis an eisem Home zu Bartreng installéiert. No enger gudder Bolo hu mir owes en Nuetsspill „Stratego“ am Bësch gemaach. Et louch vill Schnéi 😉 Wéi mir am Home zeréck waren, as nach eng gudd Schokelasfondue genoss ginn: lecker!
Sonndes moies hate mir 2 Atelieren. An deem engen hu mir probéiert en Thermometer nozebauen. An deem aneren ass et ëm déi typesch Elementer a Skandinavien gaang: Dänemark (Mierjoffer), Schweden (Elchen), Norwegen (Fjorden), Finnland (1000 Séien), a schlussendlech Island (Feier).
Mir wëssen all, datt et an Island Geysiren a Vulkane gëtt. Mee wat geschitt do genee? No den Erklärungen, hu mir selwer och e Geysir an e Vulkan nogemaach.
Wann’s du dat och wëlls doheem nomaachen, fro en Erwuessenen ëm Hëllef a maach dat Ganzt am Fräien dobaussen, well et gëtt eng mega Sauerei…
Vulkan
Fir de Vulkan brauchs du folgendes:
- Eng Plastiksfläsch, Metallbéchs oder aneren Behälter
- Eng Konstruktioun ronderëm aus Lehm, Papiermâché o.a.
- Esseg
- eventuell rout Liewensmëttelfaarf
- Spullmëttel
- Bakpolver
-
Bastel e Vulkan
Benotz Papiermâché, Salzdeeg, Lehm oder einfach fiichte Sand a sief kreativ, sou datt e richteg schéine Vulkan entsteet! Pass awer op, datt an der Mëtt vum Vulkan Fräiraum bleift, fir e Behälter mat der „Lava“. - Preparéier d'“Lava“
D'“Lava“ preparéiers du an engem klenge Behälter, am beschten eng Metallbéchs, fir méi grouss Quantitéite kanns de och eng Plastiksfläsch huelen. Fir d’éischt e bësse Spullmëttel an dann de Bakpolver a wootlechem Waasser opléisen an eventuell rout Faarf dobäi ginn (gesäit méi natierlech no Lava aus). - Looss de Vulkan ausbriechen
Stell de Vulkan an en déiwen (!) Teller oder op e Blech mat engem héije Rand. Looss de Vulkan ausbriechen, andeems du Esseg an d’Lava-Léisung schëtts. A kuck hei: De Vulkan brécht aus!
Geysir
Fir de Geysir brauchs du folgendes:
- Eng Limonad „light“ (Zëmmertemperatur oder besser: wootlech)
- Peffermënzkamellen
- Schnellheft
- Ficelle
- Zännstëppeler
-
Bastel e Rouer
Huel e Schnellheft a schneid deen duerchsiichtege Plastik erof. Dréin en zu engem Rouer (genauen Duerchmiesser vun enger Peffermënzkamell) a pech en zou. Maach ënnendran e Lach op 2 Säiten, fir doduerch eng Ficelle mat engem Zännstëppeler ze zéien. -
Preparéier de „Geysir“
Schëtt eng Packung Kamellen an de Rouer. Huel d’Limonadsfläsch, dréin de Stop op a sëtz de Rouer uewendrop. Den Zännstëppeler verhënnert, datt d’Peffermënzkamellen elo schonns an d’Fläsch falen. - Looss de Geysir ausbriechen
Stell alles op eng grouss, fräi a riicht Fläch op! Soubal’s du un der Ficelle zitts, falen d’Kamellen an d’Limonad an du wäerts gesinn, wat geschitt!