3t Plaz um AvEx Absurdcup 2015!

Foto IconDen 10. Mee war Absurdcup um Cents. Absurdcup ass eng Aart Spiller ouni Grenzen fir d’AvEx aus dem ganze Land. 23 Equippe sinn ugetrueden.

Eis Equipe vu Bartreng, zesummegestallt vum Michel, Ben, Sophie, Julie, Philippe, Joe, Marie, Paulin a Chiara, huet super als Team zesummegeschafft! All Respekt fir hier 3t Plaz hannert Miersch an dem Cents! D’Coupe kënnt elo op eng Éireplaz an eisen Home!

24849465644_6f4fb632c1_o