Albatrossen (ab 23 Joer)

D’Albatrosse sinn Erwuessener vun 23 bis 100 Joer.

Hir Ziler sinn déi selwecht wéi déi vum ganze Verband. Mä alleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.

D’Albatrosse sinn eng „Branche“ fir all Guiden a Scouten déi aus de RaRo erauswuessen, déi als Zil huet dass d’Leit dem Grupp weiderhin no stinn, während se am Beruffsliewen oder am Familljeliewe stinn. Den Numm vun der Branche, „Albatrossen“, ënnersträicht dass dës Guiden Scouten manner un Zäiten a Regele gebonne sinn.

(Quell: lgs.lu)